De Social ReUse ass en Projet ob Initiative vun Ecotrel an Zesummenaarbecht mat de Ressourcenzenteren. Dëse Projet huet als Ziel, d'Reparatioun a Weiderverwendung vun elektroneschen an elektresche Geräter ze fërderen.
Weider Informatiounen:
https://www.ecotrel.lu/de/news/social-reuse
Leider, net. Apparater déi net méi reparéiert kënne ginn oder ze vill Energie verbrauchen, kënnen net zeréckgeholl ginn. Dës Apparater sollt Dir an Ärem Ressourcenzenter ofginn, si ginn da verantwortlech recycléiert.
Ären Apparat gëtt zu Lëtzebuerg depolluéiert an demontéiert. Eisenmetaller ginn an der Stolindustrie weiderbenotzt, Koffer, Zénk an Aluminium wäerten a Kabelen an elektronesch Komponenten ëmgewandelt. Plastik, op der anerer Säit, gëtt an nëtzlech Deeler fir d'Industrie transforméiert.
Awer opgepasst, e puer Apparater erfuerderen eng speziell Behandlung. Zum Beispill gi FCKW Gasen, schiedlech fir d'Ozonschicht, aus de Frigoen ewechgeholl. Polyurethan-Schaumreschter gi benotzt fir Pudder ze maachen, wat als Absorptiounsmëttel fir Pompjeeën dénge wäerten, a Kathodenstrahlschirmer gi vun hire Schwéiermetalle fir de Recycling entlooss.
Fir méi Informatiounen :
https://www.ecotrel.lu/de/
Gitt ënner kengem Ëmstänn Apparater un engem Sammler ouni ze kontrolléieren ob hien eng Geneemegung fir Offälltransport vun den zoustännegen Autoritéiten huet.
Et ass oft nëmmen eng Fro vu primäre wirtschaftlechen Interessen, wéinst dem héije Präis vun de Rohmaterialien an eng ekologesch Revalorisatioun ass esou net garantéiert.
Dir kënnt Är IT-Geräter ewéi Smartphone, Tablett a Laptop op ee vun eisen Diagnostic Point vum Projet Social ReUse bréngen. Keng Panik, all Är perséinlech Donnéeë gi gelëscht (a Konformitéit mam GDPR) éier Ären Apparat vum Digital Inclusion ASBL rekonditionéiert a verdeelt gëtt un léit déi eng technologesch Hëllef brauchen.
PS: Vergiesst net all Är Fotoen, Videoen, Dokumenter oder aner perséinlech Donnéeën op enger Festplack oder op Ärer Cloud ze späicheren.
Fir unzefänken, rode mir Iech een Tri an ären Apparater ze maachen. Wann Dir e Flip-Telefon aus puerer Nostalgie haalt, kéint dir Weiderverwendung a Betruecht zéien. Och ob Dir e begeeschterten Unhänger vun der Marie Kondō Method sidd oder net, stellt Iech d'Fro ob Dir wierklech en neien Apparat kafe musst. Villäicht funktionéiert ären ale Waasserkocher nach ëmmer gutt a brauch net duerch e néie Modell ersat ze ginn, dee gläichzäiteg Kaffi, Téi a Frühstück mécht. An dann, wann Dir heiansdo en Apparat braucht, kënnt Dir ëmmer en vun dësem Site ausléinen.
Aner Initiativë sinn och zu Lëtzebuerg do, fir déi meescht Do-it-yourselfer ënnert iech sinn déi bekannte Repair Caféen